LÉIEREN AM GAART

NATURE, CRÉATION & CITOYENNETÉ

De Projet Léieren am Gaart – Reseau Lëtzebuerg ass eng Initiative vum Service éducatif Kalendula vum CIGL-Esch, an Zesummenaarbecht a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung.

Zil vum Projet
Zil ass et, en Netz vu pedagogesche Gäert opzebauen, fir d’Kreatioun an d’didaktesch Notzung vun dëse Gäert ze ënnerstëtzen, mat enger fachlëcher Begleedung vun allen Akteuren.

Site Internet
WWW.LEIERENAMGAART.LU

1. Phas vum Projet: Januar bis Juni 2021

Am Januar 2021 gëtt eng Ëmfro an den edukativen Ariichtungen zu Lëtzebuerg lancéiert. D’Primärschoulen, d’Maisons relais an d’Lycéeë kréien e Questionnaire geschéckt, fir en Inventaire ze maachen an eng Kaart vun de pedagogesche Gäert zu Lëtzebuerg opzestellen.

Ënnert dësem Link kënnt Dir ons Ären Interessi un enger Partizipatioun um Reseau matzedeelen.

2. Phas vum Projet: Juni 2021 bis Juni 2023

Grënnung vum Reseau, baséiert op existenten pedagogesche Gäert, déi matmaache wëllen.